Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

D'Theaterkëscht Hueschtert gouf 1988 gegrënnt a feiert deemno dëst Joer den 30. Gebuertsdag.

Theater

Ugefaangen huet alles matt "Theater" an d'Acteuren hun dem Public 2 Theaterstécker pro Joer presentéiert.

 Säit enger gudder Zäit sti mer pro Joer just nach matt 1 Theaterstéck op der Bühn. Gespillt gët 1 Week-End am Dezember an 1 Week-End am Januar.

Déi genee Datume stin ënnert der Rubrik "Wat kënnt als Nächst?"

 An deenen 30 Joer war vum lëschtegen Dräi-Akter iwwert Operette & Krimi-Komédie bis zum Klassiker alles derbäi.

Klickt hei fir d'Oplëschtung vun de Stécker ze gesin.

Kabarä

Vun 1998 un hu mer dunn och Kabarä gespillt. Hei geet et drëm de Leit e lëschtegen Owend ze bidden, zesummegesat aus engem flotte Mix aus Sketcher a Lidder. De Kabaräs-Programm as bal komplett aus de fläissege Fiederen vun eisem Schreifgrupp. Oft gi Gréissten aus der internationaler Museksszen imitéiert, sou datt bei eis zum Beispill schon den Elvis Presley, d'Amy Whinehouse, d'Tina Turner an den Udo Lindenberg op der Bühn stoungen.

Maus Kätti

Dodernierwt gin e puer vun eisen Acteuren uechtert d'Altersheimer d'"Maus Kätti" opféieren. Als Maisercher verkleed spillen si déi bekannt Geschicht no, déi vun engem Erzieler virgedroe gët. Nom Stéck begeeschteren si d'Zuschauer matt lëtzebuerger Lidder, bei deenen da kräfteg mattgesonge gëtt.

 


 

Wann dir Loscht hutt eis och bei iech op der Bühn ze erliewen, da kontaktéiert eis einfach. Mir si frou eis Opféierungen och baussent der Gemeng Nidderaanwen kënnen ze présentéieren.

De Flyer vum Kabarä 2016De Flyer vum Kabarä 2016